Den RL aktivéiert d’Sonder-Ruffzeechen LX100IARU vum 1. Februar bis den 31. Juli.
hei d’Konditiounen fir d’Benotze vun deem Ruffzeechen:
- all RL-Member mat enger HAREC Lizenz däerf dës Ruffzeechen benotzen
- en RL-Member mat enger NOVICE oder BASIC Lizenz sou wéi och RL-Membren ouni Lizenz därfen LX100IARU benotzen wann en RL-Member mat enger HAREC Lizenz derbei ass, dëst dann op alle Bänner
- den RL-Shack ka vun RL-Membren fir dës Aktivitéit genotzt gin, no Reservatioun beim Event-Manager
- d’Senden mam LX100IARU Ruffzeechen ass limitéiert op lëtzebuerger Terrain
- et ass kee Contest, et gëtt och keng Ranking Lëscht . All Member kann esou vill QSOen mat LX100IARU maachen wéi hie wëll
- et muss e Logbuch am ADIF-Format erstallt ginn, dëst ass per email un den Event Manager ze schécken
- den RL iwwerhëllt all Käschten fir d’Dréckerei an och fir d’Verschécken vun den LX100IARU QSL Kaarten
- all RL Member deen LX100IARU aktivéiere wëll oder weider Froen huet, soll sech beim Event Manager mellen op der Email : dx@pt.lu
