Den RL huet d’Sonder-Ruffzeechen LX26HNY vum 29. Dezember bis den 11. Januar aktivéiert.
hei sinn d’Konditiounen fir d’Benotze vun deem Ruffzeechen:
- all RL-Member mat enger HAREC Lizenz däerf dës Ruffzeechen benotzen
- en RL-Member mat enger NOVICE oder BASIC Lizenz sou wéi och RL-Membren ouni Lizenz därfen LX26HNY benotzen wann en RL-Member mat enger HAREC Lizenz derbei ass, dëst dann op alle Bänner
- d’Senden mat dësen Spezial-Ruffzeechen ass limitéiert op lëtzebuerger Terrain
- et ass kee Contest, et gëtt och keng Ranking Lëscht. All Member kann esou vill QSOe maachen wéi hie wëll
- et muss e Logbuch am ADIF-Format erstallt ginn, dëst ass per email un den Event Manager ze schécken
- den RL iwwerhëllt all Käschten fir d’Dréckerei an och fir d’Verschécken vun de QSL Kaarten
- all RL Member deen dës Ruffzeechen aktivéiere wëll oder weider Froen huet, soll sech beim Event Manager mellen op der Email : lx1jh@rl.lu

