Trounwiessel

Den RL huet d’Sonder-Ruffzeechen LX25GDH vum 3 September bis den 3. Oktober an LX25GDG vum 3. Oktober bis den 3. November aktivéiert.

hei sinn d’Konditiounen fir d’Benotze vun deem Ruffzeechen:

  • all RL-Member mat enger HAREC Lizenz däerf dës Ruffzeechen benotzen
  • en RL-Member mat enger NOVICE oder BASIC Lizenz sou wéi och RL-Membren ouni Lizenz därfen LX25GDH an LX25GDG benotzen wann en RL-Member mat enger HAREC Lizenz derbei ass, dëst dann op alle Bänner
  • den RL-Shack ka vun RL-Membren fir dës Aktivitéit genotzt gin, no Reservatioun beim Event-Manager
  • d’Senden mat dësen Spezial-Ruffzeechen ass limitéiert op lëtzebuerger Terrain
  • et ass kee Contest, et gëtt och keng Ranking Lëscht. All Member kann esou vill QSOe maachen wéi hie wëll
  • et muss e Logbuch am ADIF-Format erstallt ginn, dëst ass per email un den Event Manager ze schécken
  • den RL iwwerhëllt all Käschten fir d’Dréckerei an och fir d’Verschécken vun de QSL Kaarten
  • all RL Member deen dës Ruffzeechen aktivéiere wëll oder weider Froen huet, soll sech beim Event Manager mellen op der Email : dx@pt.lu