Digital Voice

All déi Leit wou elo um D-Star Reflector Dashboard vum XLX270 hannert verschidden Ruffzeechen de Suffix PNUT, an dat via PA7LIM C, gesinn hunn an sech froen wat dat ass, hei d’Erklärung:

Den RL-Comite huet no enger Léisung gesicht fir dass jiddereen op D-Star era lauschteren a matschwätze kann ouni gréisser Investissementer missen ze maachen. Do hu mir de Programm Peanut fonnt, deen een sech fir Android am Google Playstore erof luede kann oder op engem Windows-Gerät installéiere kann.

Do dernieft ginn et 2 Konditiounen ze erfëllen, et soll een eng DMR ID hunn an et muss een eng Kopie vu senger Lizenz un den David, PA7LIM, schécken fir den Softwareaktivéierungscode ze kréien. Dëst ass fir ze verhënneren dass aner Leit ouni Lizenz op eemol di ganz Saach benotzen fir einfach nëmmen mat dem Handy ze chatten, an, dir musst jo bedenken, dat Ganzt geet och per Funk iwwert di connectéiert D-Star Relais’en eraus. No der Installatioun vun der Software fënnt een am Setup nach verschidden Astellungen sou wéi och d’Adress vum David, un deen een eng Kopie vu senger Lizenz hi schécke muss.

Eng DMR ID ass net zwéngend néideg mee vu Virdeel, déi kritt een ganz einfach wann een op RadioID.net geet an do eng entspriechend Ufro mécht.

Wat ass elo de Virdeel vun dem Peanut-System; nieft präisgënsteg D-Star maachen och nach, ouni weider Kenntnisser iwwert d’verlinken vun Reflektoren, aus dem Ausland mat de Kollegen doheem funken, an dat ouni missen dohannen e lokalen Relais ze sichen oder en Hotspot mat ze huelen.

De Lëtzebuerger Room ass XLX270B.

Op eisem Reflektor-Dashboard gesäit een och zu all Moment wien do QRV ass.

An elo huet do awer kee méi eng Ausried fir net mat derbäi ze sinn…. wink