LX DMR CCS7 Callbook

LX DMR CCS7 Callbook

The complete DMR and CCS7 ID Callbook can be viewed at the RadioID.net site.
Register for a CCS7 ID here.

Luxembourg D-STAR Reflector – XLX270 – DCS032

XLX270 – XLX032 Luxembourg Reflector provided by xlx.epf.lu

The XLX Multiprotocol Gateway Reflector can handle DCS, Dplus and Dextra protocols on the same reflector. The Luxembourg XLX270 Gateway cross-connects the following Luxembourg D-Star reflectors: XRF270DCS270 and DCS032. You can use Module A, B, C or D but B being the most common one.

Simply connect to the Luxembourg (270) XLX Multiprotocol Gateway Reflector by putting XRF270BL in UR (YourCall).  You can use DCS270BL as well provided your gateway is using the latest ircDDB server list.

Mat Peanut um XLX270B (PNUT)

All déi Leit wou elo um D-Star Reflector Dashboard vum XLX270 hannert verschidden Ruffzeechen de Suffix PNUT, an dat via PA7LIM C, gesinn hunn an sech froen wat dat ass, hei d’Erklärung:

Den RL-Comite huet no enger Léisung gesicht fir dass jiddereen op D-Star era lauschteren a matschwätze kann ouni gréisser Investissementer missen ze maachen. Do hu mir de Programm Peanut fonnt, deen een sech fir Android am Google Playstore erof luede kann oder op engem Windows-Gerät installéiere kann.

Do dernieft ginn et 2 Konditiounen ze erfëllen, et soll een eng DMR ID hunn an et muss een eng Kopie vu senger Lizenz un den David, PA7LIM, schécken fir den Softwareaktivéierungscode ze kréien. Dëst ass fir ze verhënneren dass aner Leit ouni Lizenz op eemol di ganz Saach benotzen fir einfach nëmmen mat dem Handy ze chatten, an, dir musst jo bedenken, dat Ganzt geet och per Funk iwwert di connectéiert D-Star Relais’en eraus. No der Installatioun vun der Software fënnt een am Setup nach verschidden Astellungen sou wéi och d’Adress vum David, un deen een eng Kopie vu senger Lizenz hi schécke muss.

XLX270 goes DMR

Lëtzebuergesch Säit dem 23. August leeft den XLX270 ob der Versioun 2.0.0.

Des Versioun ënnerstëtz och elo DMR an transcodéiert live vun DMR ob D-Star an ëmgedréint!
Par Défaut ass den LX0DML, eisen Multimode Relais vun Blaaschent, an D-Star an an DMR op den XLX270 B gelinkt.
Doduerch ass et méiglech fir déi Leit déi keen D-Star Gerät hunn trotzdem mat den Kollegen an D-Star iwwert DMR ze schwëtzen.

Den LX0DML kann um XLX270 ob Module A-Z gelinkt ginn.
Fir dass dat mat ärem DMR Gerät funktionéiert, muss dir den TS1 ob der TG8 benotzen.
(Fir en lokalen QSO, also net iwert den Réseau kann natierlech och den TS2 TG9 genozt ginn.)

Mat engem private oder group call gëtt den Relais verlinkt.
Schéckt dir z.b en 84000, gëtt den Relais ewech gelinkt.
Mat 84001 link dir den Relais ob Module A, mat 84002 ob B usw.

Keng Panik, dir kënnt am Prinzip näischt falsch oder futti maachen. Sollt dir alles verstallt hunn, ass dat nët dramatesch.
Den Relais linkt sech automatesch no 15 Minutten nees ob den XLX270 Module B.

Fir weider Froen schéckt w.e.g en mail un dvc@rl.lu

Hytera DMR goes XLX !!

Lëtzebuergesch Endlech ass et esouwäit !!

Den 17. Dezember 2017 hunn mir den LX0DME, dem LX9DX säin Hytera Relais geupgrade an un den XLX270 gelinkt. Dommadder hätten mir eist Ziel erreecht an et ass egal ob den Operateur an DMR oder D-Star funkt.

Um XLX270 ginn all Moduler an die béid Richtungen DMR-D-Star transcodéiert.

Par defaut ass den LX0DME ob den XLX270 Module B gelinkt wou och all déi aner D-Star Relaisen vum RL drun hänken.

Den Réseau ass ob den TS1 / TG8 gemappt. Wann dir also iwwert den LX0DME fuert dann muss dir den TS1 / TG8  (Time Slot 1 /  Talking Group 8) benotzen. Als RX Grupp am CPS vum Funkgerät geet TG8 duer.

Des Konstellatioun vereinfacht déi ganz DMR-Handhabung drastesch. Natierlech kann den LX0DME och ewech gelinkt , oder den Module gewiesselt ginn.

Gesteiert gëtt dat Ganzt iwwert en private call.

Hei dann d‘ Befehler:

  • 84000 – unlink
  • 85000 – status
  • 84001 – Module A
  • 84002 – Module B
  • 84003 – Module C
  • 84026 – Module Z

Den Time Slot 2kann weiderhin fir lokal QSO’en an der TG9 genotzt ginn.

Fir weider Froen steet den DVC vum RL iech wéi ëmmer zur Verfügung.

LX0DML – Multimode Relais

Lëtzebuergesch Säit dem 8. August 2017 leeft zu Blaaschent den LX0DML. Et ass den 1. Multimode Relais hei am Land!

Dësen Relais beherrscht déi drei gängest digital Modien déi et den Moment ginn: D-Star, C4FM an DMR.

Am Prinzip ass den Relais an D-Star ob den XLX270 B gelinkt an an DMR ob den XLX950 E.
Den Relais léist sech wei gewinnt an D-Star iwwert DTMF oder URCALL ëm linken.

An DMR leeft den Réseau ob TS1 – TG8.
Fir lokal ze chaten huelt w.e.g den TS2 – TG9.

Um XLX950 sinn den Moment 10 TG’en fir DMR fräi geschallt.
84001-84010 woubäi TG 84001 dem Modul A bäi D-Star entsprécht, 84002 Modul B, 84003 Modul C etc.
Mat 84000 gët den DMR ewech gelinkt.

Um XLX950 ginn déi 10 Moduler vun D-Star <-> DMR live transcodiert.
Et ass also egal ob dir D-Star oder DMR maacht, soulaang dir um selwechten Modul gelinkt sidd.

Passt w.e.g ob, dass nët schonn en QSO an engem aneren Modus amgaang ass, ir dir rufft.